L'École · Projet d'établissement
LIVE & LEARN
Les deux axes structurants du projet d'établissement de l'Athénée, déclinés sur trois années scolaires. Le contenu ci-dessous est rédigé en luxembourgeois.
Cycle en cours · 3e année
2025–2026 — Wat steet um Programm ?
LIVE
Cette année
Wat stoung dëst Joer am Mëttelpunkt ?
-
1. Resultater vun den Froebéi (Personal a. + b.) (Schüler*innen c. + d.)
a. Zesummenaarbecht ma der nei geschaadder « cellule de communication » an dem IFEN fir Pisten (Kommunikatioun, Resilienz) aus de Frobéi ze verfollegen ;
b. Rouen & Schaffen : 1. Etapp : Erhiewung vun Ären Iddien a Wënsch (Flipcharts an der Konferenz) ; 2. Etapp : Ëmgestaltungsusätz vun den « Profferaim » a Kollaboratioun mam département artistique an dem service technique ;
c. Ernärung : vill Schüler*innen hu ganz ënnerschiddlech an onreegelméisseg Iessgewunnechten ; Entrevuen mat der Direktioun zu dësem Theema ;
d. Héije Stresslevel an der « Prüfungszäit » an och duerch permanent MINI-TESTER : Entrevuen mat der Direktioun an dem Comité de la Conférence du Lycée fir d'Verdelung vun allen Evaluatiounsmomenter besser ze geréieren, Projet « Daily dose of WOW » (SEPAS & ART) : Relax Momenter am Alldag.
-
2. PSSM TEEN
BRAVO ! 2024-2025 konnten ALL d'4C-Schüler*innen d'Formatioun PSSM TEEN mat engem Brevet ofschléissen (Gültegkeet 5 Joer).
-
3. (Re)kreativ Aktvitéiten a Momenter
Den neie Comité de la Conférence du Lycée huet verschidden Departementer (Sport a Mathé) ugereegt kritt, dem Schoulpersonal rekreativ Aktivitéiten ze proposéieren.
-
4. Responsabilitéit
Synergië mat der ONG Athénée – Action humanitaire : Griicheland-Konferenz, méi Membere vum Pé am Comité vun der ONG (Aisha Bové a Myriam Keilen).
L'année prochaine
Wat kënnt als nächst ?
-
1. Live all together
a. Resilienz als Haapttheema vun de pé-Formatiounen a Workshops ; Konferenz Sacha Bachim « Faktencheck Psyche » 7.10.2025 + Workshop « Stressmanagement » 21.10.2025 ;
b. Salle de lecture = nei Variant, 2E mécht Propose fir d'Konferenz ;
c. Visuell Kommunikatioun vun de Méiglechkeeten am Beräich Ernärung ;
d. Projet « Daily dose of WOW » Vernissage 6.10.2025 ; Visualiséierungs-Kalenner vun den Test-Momenter am Klassesall fir Schüler*innen, Enseignanten a Regenten.
-
2. Intern PPSM-Instrukteuren
-
3. Aner Departementer sinn agelueden,
sech rekreativ Momenter ze iwwerleeën, gären och interdisziplinär (2 oder nach méi Departementer).
-
4. Weider Formatiounen ; verstäerkt Abanne vun den I-Klassen an ACCU-Klassen am schouleschen Alldag.
LEARN
Cette année
Wat stoung dëst Joer am Mëttelpunkt ?
-
1. 7e Franséisch (TIC-Stonnen)
a. Aféierung vun den Differenzéierungs-Coursen, Elaboratioun an Uwendung vun de jeeweilege Materialien (Déclic), Grondsätz an Theemeberäicher, déi dat Joer virdrun ausgeschafft goufen ;
b. All 7e-Schüler*innen hu bei den Epreuves standardisées matgemaach fir d'Evaluatioun vun hire Kompetenzen no der Grondschoul.
-
2. 6e Däitsch (TIC-Stonnen)
a. D'Materialie fir de Schüler*innen d'Bildungssprooch méi no ze bréngen a sproochlech Kompetenzen ze fërderen, si getest a weider ausgeschafft ginn ënner Begleedung vun der uni.lu fir d'Tester vun 2025-2026 virzebereeden ;
b. Et goufe Pré-Tester op de 6C-Klassen duechgefouert.
-
3. Lies- a Literaturfërderung
a. Weiderentwécklung vun de Klassebibliothéiken an dem Liesconcours op alle Klassen op 7e/6e + 5e (C & I) ;
b. Workshop vum Comiczeechner Volker Reiche (FAZ) (cycle supérieur).
-
4. Methodologie
a. Formatiounen an Ënnerstëtzung fannen an ubidden an de Beräicher 1-3 ;
b. Verglach a Visualiséierung vun de wichtegste fächerspezifeschen Operatore fir de cycle inférieur (Däitsch).
L'année prochaine
Wat kënnt als nächst ?
-
1. Déclic 2.0
a. Weiderentwécklung vum Differenzéierungs-Cours am Franséischen op 7e ;
b. Epreuves standardisées vun alle 7e-Schüler*innen mam LUCET.
-
2. Sproochbildung am Däitschen an Testing op der 6e
a. Test-Rei, déi duerch d'Ënnerstëtzung vum LUCET d'Sproochkompetenze vun de 6e-Schüler*innen evaluéiert ;
b. Weiderentwécklung vun den Differenzierungsstonnen, an deenen d'Schüler*innen op d'Tester virbereet ginn.
-
3. Lies – Literatur-Fërderung
a. Liesconcours a Klassebibliothéiken op 7C / 7I & 6C / 6I & 5C / 5I + 4C / 4I ;
b. Auteurliesungen an-/oder Workshops (FR / DE).
-
4. Methodologie
a. Erweiderung vun der Zesummenaarbecht mat den Departementer / Enseignanten aus den « disciplines non linguistiques » am Beräich vun der Sproochkompetenz (Bildungssprooch) ;
b. Optesch Hëllef fir Schülerinnen an Enseignanten duerch Operatore-Poster an all Klassesall am Nordfligel.
Cycle précédent · 2e année
2024–2025 — Wat steet dat 2. Joär um Programm ?
LIVE
Jusqu'ici
Wat stoung bis elo am Mëttelpunkt ?
-
1. Froebéi & Journée Pédagogique : Resultater
Charge mentale reduzéieren a besser geréiere.
Méi an aner Méiglechkeeten fir ze rouen an ze schaffen.
-
2. PSSM YOUTH
Mir hunn dëst Schouljoer am Mäerz den néidege Prozentsaz erreecht mat mindestens 39 Leit, déi en ofgeschlossene Brevet hunn. Bravo !
-
3. (Re)kreativ Aktivitéiten a Momenter an Zesummenaarbecht mam Comité de la Conférence du Lycée an dem Sportdepartement
-
4. Responsabilitéit
Méi Synergien mat der ONG Athénée – Action humanitaire ze kreéieren plus weider Formatiounen am Beräich Verantwortung.
Cette année-là
Wat kënnt dëst Joer ?
-
1. Froebéi & Journée Pédagogique : Piste
a. Formatiounen : 8.10.2024 19-21 Auer an der AULA : Konferenz « Resilienz to go » vum Sacha Bachim vum IFEN (+ Stand vum Pé) ; Umellung réicht ab dem 15.9.2024. 14.10.2024 : Méiglechkeet vun uschléissende Workshops zu Walfer. Ufank 2025 Formatioun « Stress und Burnout – Gesund durch den Sturm kommen » vun der Ligue (LLHM) (15 Stonnen ; 5x3).
b. Konferenz, Salle de lecture an C115 dierfen mam Accord vun der Direktioun ganz nei an anescht amenagéiert (an dekoréiert) ginn, fir déi eenzel Zonen méi däitlech vuneneen ofzegrenzen.
-
2. PSSM TEEN
-
3. (Re)kreativ Aktivitéiten an aneren Domainer : cf infrastructure
-
4. Mir wëlle weider Formatiounen fannen an ubidden an och d'I-Klassen an ACCU-Klassen méi am schouleschen Alldag mat abannen.
LEARN
Jusqu'ici
Wat stoung bis elo am Mëttelpunkt ?
-
1. « Sprachsensibler Unterricht » mat villen verschiddenen Aktivitéiten an Formatiounen fir d'Sensibiliséierung vun der Schoulgemeinschaft
Hei ass d'Iddi vun der Differenzéierung d'Resultat vun de ville Concertatiounen a Formatiounen : 7e/6e TIC-Stonnen fir d'Ëmsetzung notzen, bei den niddrege Klassen ufänken a sech dann no an no « eropschaffen ».
-
2. Lies- a Literaturfërderung
Klassebibliothéiken ausbauen a Liesconcours weiderféieren op 7C/7I & 6C/6I.
RAMS (Résidence d'Auteur en Milieu Scolaire) mam Ian de Toffoli (finanzéiert vun der Fondation Sommer).
-
3. Methodologie
Virbereedung vun den Differenzéierungs-Coursen op 7e (fr.) an 6e (all.).
Elaboratioun vun de jeeweilege Materialien, Grondsäz an Theemeberäicher.
Cette année-là
Wat kënnt dëst Joer ?
-
1. Ufank vun der Differenzéierung
7e : Franséisch : neie Programm a nei Bicher am Fondamental als Erausfuerderung ; Stationenlernen a klenge Gruppen.
6e : Däitsch als Bildungssprooch : Stationenlernen a klenge Gruppen.
-
2. Ausbau vun der Lies – Literatur-Fërderung op weidere Klassen
Liesconcours a Klassebibliothéiken (7C/7I & 6C/6I & 5C/5I).
Nei RAMS-Projeten ausschaffen an/oder aner Auteuren invitéieren.
Ausschaffe vun enger Literatur-Optioun 3e/2e/1re.
-
3. Méthodologie
Erweiderung vun der Zesummenaarbecht mat den Departementer/ Enseignanten aus den « disciplines non linguistiques » : Ausschaffe vun engem Glossaire op Franséisch fir de 4e-Klassen korrekt Schreiwen an der « langue véhiculaire » ze erméiglechen.
12.11.2024 : schoulintern Formatioun Mme Sophie Le Dorner Debout « De la différenciation à l'autonomie, un boost vers l'engagement ».
Ausschaffe vun « ateliers sur besoin » am Uschloss un dës Formatioun (op de verschiddene Klassestufen).
Premier cycle · 1re année
2023–2024 — Wat stung dat 1. Joär um Programm ?
LIVE
- Froebéi zum Theema Bien-être (1 fir d'Schüler, 1 fir d'Enseignanten).
- Ausschaffe vu konkreete Pisten opgrond vun de Resultater (Journée pédagogique).
- Ausbildung vu weideren « Ersthelfer für pschychische Gesundheit » (PSSM YOUTH).
- Preparatioun vun der nämmlechter Ausbildung fir Schüler vun der 4C (PSSM TEEN).
- Rekreativ « cours facultatifs » ubidden a konzipéieren.
- Erweidert Abanne vun der ONG – A-AH am schouleschen Alldag.
- Formatiounen vu « subVision » zu Theemen ewéi Nohaltegkeet an Gender.
LEARN
- Erweiderung vum Lies-Concours a vun de Klassebibliothéiken (7C & 6C).
- Erfaasse vun den aktuell genotzte Léiermethoden ab der 7C.
- Formatiounen fir d'Enseignanten iwwer « Bildungssprache », Léiermethoden an erfuerderlechen Sprooch-Niveauen bei de Schüler.
- Formatiounen zum Thema Méisproochegkeet.
- Erstellung vun didakteschem Material, wat de Schüler konkreet Hëllefstellunge bitt.
- Geziilt Atelieren fir Schüler aus dem cycle inférieur fir verbessert schrëftlecht Ausdrécken.
- Aktivitéiten am Kader vun der « Journée du livre et des droits d'auteur ».
Pilotage
Le groupe de pilotage
- Myriam Keilen
- Christian Gallotti
- Stéphanie Konnen
- Aisha Bové
- Magalie Sanctuary