Démonstration — Ce site n'est pas le site officiel de l'Athénée de Luxembourg. Il s'agit d'un projet de portfolio réalisé par Noah Schartz Forte.
Lëtzebuergesch lieft, wibbelt a wiisst!
Nach ni an der Geschicht vun der eiser Sprooch gouf esouvill op Lëtzebuergesch geschriwwen ewéi haut

Duerch E-Mailen an Handymessagen, op soziale Medien an ëmmer méi och an der geschriwwener Press oder bei Iwwersetzunge vu Kannerbicher oder Spiller erlieft déi virdrun virrangeg geschwate Sprooch en enormen Opwand.

Braddelen, schnëssen, poteren, quatschen, babbelen, schnabbelen, schnadderen

Schwätzen an all senge Formen ass bleift awer immens wichteg: Lëtzebuergesch ass méi wéi jee virdrun déi Sprooch, déi eis all matenee verbënnt an déi een – ënner aneren - wichtegen Deel an der Integratioun spillt vun deene Leit, déi aus allen Ecke vun der Welt bei eis an d'Land kommen.

Am Kolléisch schaffe mir op der 7C an interaktive Projeten ronderëm

  • d'Sprooch (Virliesconcours, typesch Wierder a Spréch, Orthographie, …)
  • d'Literatur (Soen, gesellschaftskritesch Texter vun zäitgenësseschen Auteuren, …)
  • d'Kultur (Fester an Traditiounen, Kulinaresches, Musek, …)
  • d'Geschicht (vum Land an der Stad Lëtzebuerg duerch Visitten a Museeën, …)

Natierlech ass et do, wou méi geschriwwe gëtt, och ëmmer méi wichteg, dass ee léiert, wéi ee richteg schreift, a wéi een déi vill sproochlech – an och historesch - Aflëss, déi eis Sprooch beräicheren, sënnvoll an dat geschriwwent Wuert integréiere kann.

Méi wéi jee ass et awer och wichteg, dass mir eis mat dëser Sprooch am rasante Wandel och virun engem kulturellen Hannergrond interesséieren: al Begrëffer, „klassesch“ Texter, typesch Riedensaarten a Spréchwierder.

All dës Aspekter probéiere mir an eise Coursen op der 7C, op den internationale Klassen (7I, 6I, 5I) an a cours facultatifs ze thematiséieren an iech heimat fir eis Sprooch (an och eist Ländchen) ze begeeschteren:

Et ass derwäert!