Démonstration — Ce site n'est pas le site officiel de l'Athénée de Luxembourg. Il s'agit d'un projet de portfolio réalisé par Noah Schartz Forte.

D'Iddi vum Éischt Hëllef Team Kolléisch (kuerz EHTK) ass et, eise Matmënschen a Matschüler bei all méi oder manner groussem Noutfall déi beschtméiglech Éischt Hëllef ze leeschten.

Et ass bekannt, dass déi éischt Minutten no engem Noutfall déi wichtegst sinn, fir déi optimal 1. Hëllef ze leeschten. Eis Secouriste sécheren déi éischt 3 Deeler vun der Rettungsketten (Direktmoossnamen, Noutruff an Éischt Hëllef) bis zum Antreffe vun de Rettungsdéngschter of.

Souweil während de reguläre Schoulstonnen, wéi och bei Manifestatioune (Kolléisch in Concert, Charity Run, Campusfest, …) suergen d'Secouriste vum Éischt Hëllef Team Kolléisch fir di néideg Sécherheet.

Site de l'équipe