Am Kader vum LASEL Schi Championnat waren zwou Schülerinnen an dräi Schüler aus dem Kolléisch zu Adelboden vum 15. Januar bis zum 18. Januar 2026.
A verschiddenen Alterskategorien (Minimes-Cadets-Juniors/Seniors a Masters) hunn insgesamt 39 Meedercher/Dammen an 73 Jongen/Häre matgemaach. D’Wiederkonditioune waren och perfekt fir Schi ze fueren.
Am Riseslalom bei den net-lizenzéierte Cadete konnt sech eise Schüler, den Noah OSWALD behaapte virum Hugo FRONTIGNY, och Kolléisch Schüler (cf. Foto vum Podium).
Am Slalom huet dunn den Hugo FRONTIGNY gewonn bei den net-lizenzéierte Cadete.