De 24. Oktober waren d’Eliminatoiren vun engem LASEL Futsal Tournoi am LGL wou de Kolléisch mat Jonge matgespillt huet. No 3 Victoiren an engem Gläichspill konnt sech d’Kolléisch Ekipp déi 1. Plaz a sengem Grupp sécheren an sech fir den Tour final den 21. November 2024 och nees am LGL qualifizéieren. Deen Dag wäerten sech dann 8 Ekippen em de Championstitel streiden.