Wee si mir?D’Schülerzeitung D’Ventil, déi viru 4 Joer vun de Schülerinnen a Schüler aus dem Kolléisch endlech nees zréck an d’Liewe geruff gouf, huet ufanks aus just sechs Redakterinnen an engem Redakter bestan. Haut si mir stolz op déi grouss Méih an déi vill Aarbecht, déi an dëse Projet gestach gi sinn an déi et eis erméiglecht hunn, eis Redaktioun däitlech ze vergréisseren. D'Ventil suergt och dofir, d'Schüler aus verschiddene Klassen, Joergäng a schoulesche Systemer zesummenzebréngen. Dës Diversitéit ass nämlech dat, wat haut och eis Stäerkt ausmécht.Weiderhin ass et d'Zil vun der Schülerzeitung, d’Schoulgemeinschaft net nëmmen duerch interessant a kritesch Artikelen, Interviews a Reportagen ze informéieren, mee och mat Comics, Fotoen a Spiller ze ënnerhalen. Mat der Ënnerstëtzung vun zwou Enseignanten suerge Schülerinnen a Schüler vu 7e bis 1e fir eng Zeitung, déi d’Interête vun der Schülerschaft vertrëtt an Theme beliicht, déi si an hierem schouleschen Alldag begleeden.
Wat bréngt D‘Ventil de Schüler a Schülerinnen ?Haaptsächlech erméiglecht D‘Ventil et der Schülerschaft, Schoulaspekter ze hannerfroen, déi kritesch iwwerduecht a verännert gi mussen, nei Iddien oder Projeten anzeféieren a sech aktiv mat aktuellen Themen auserneenzesetzen, fir eng méi bewosst a reflektéiert eege Meenung ze bilden. Dobäi kënnt, dass d’Schülerinnen a Schüler duerch déi villfälteg Sproochenuwendung am Lëtzebuergeschen, Däitschen, Franséischen an Engleschen, hir Redaktiounskompetenzen weiderentwéckelen an eng eegen (schrëftlech) Stëmm entwéckelen. Si léieren och, organiséiert ze bleiwen, Deadlinen ze respektéieren an sech ze iwwerwannen, wann et drëm geet, Leit ze interviewen an zesummen un engem grousse Projet ze schaffen.Dat alles ass nämlech guer net sou einfach, wann ee mat sou engem grousse Grupp ze dinn huet.Firwat ass eis Schülerzeitung sou wichteg ?Mat der Ventil gëtt all Schüler a Schülerin aus dem Kolléisch eng Plattform zur Verfügung gestallt, op där sie sech ausdrécke kënnen an iwwer déi si och Gehéier fannen. Soumat kënne si sech un D’Ventil wenden, fir hir Suergen, Iwwerleeeungen an Interessen ouni Filter auszedrécken. Eis jonk Journalistinnen a Journaliste sinn net nëmme Vertrieder vun der Schoulcommunautéit, mee maachen och op Sujeten opmierksam, déi eis all betreffen!D’Redaktioun vun der Ventil