Nom Succès vun der 1. Editioun am Schouljoer 2023/24, hunn och dëst Joer d'Premièren nees e VB Tournoi organiséiert an d'Schüler vu 4e bis 1ère. Ganz vill Schüler sinn dëser Invitatioun nokomm, a mat 12 Equippen, déi sech ugemellt hunn, war och dëst 2. Editioun e volle Succès. Ronn 60 Schüler vu 4e-1ères ware mat vill Spaass an Äifer am Asaz.

D' Haaptorganisateure vum Tournoi, de Charel an de Micha, waren top preparéiert an et ass alles reiwungslos gelaf.

Um Enn konnten sech d' Iliana, d'Natalia, de Luca an den Alexandre duerchsetzen géint de Samuel, Felix, Luca an den Oré duerchsetzen.

Fir Iessen a Gedrénks hu Schüler/inne vum 1ères-Comité gesuergt.

Et war ee flotten Tournoi mat mega Ambiance.

Avis aux amateurs fir d'Editioun 2025/2026!