Häerzlech Felicitatiounen un d’Klass 5C8! Am Laf vum Schouljoer huet si mam Encadrement vun hirer Däitsch-Professesch Madame Laurence Waltzing um Concours „Mission Nichtrauchen“ vun der Fondation Cancer deelgeholl - mat groussem Erfolleg: En Donneschdeg, de 5. Juni 2025, huet si den 1. Präis gewonnen an 1000 Euro kasséiert! Mir si ganz houfreg op iech – super Leeschtung! A bleift och weiderhin „Nichtraucher“!