Um éischte Schouldag vum neie Joer, war d'3eB1 op Visite am Ausseministère. Am Kader vun hirem Vie et société Cours, hunn d’Schüler en Echange mam Minister Xavier Bettel organiséiert. Diskutéiert gouf e.a. iwwert déi aktuell Weltlag, d'Roll vu Lëtzebuerg an der Welt oder d’Zukunft un der EU. (Fotoen: © MAE)