Den Dënschden 13. Januar 2026 ass eng Ekipp vum Mierscher Theater zesumme mat Kënschtler*innen aus Berlin a Lëtzebuerg fir e Workshop bei d’Schüler*innen vun der 3eA komm, fir mat hinnen d’Thema Männlechkeet, Männlechkeetsstereotyppen an toxesch Männlechkeet ze erörteren. Well de Mierscher Theater un enger Theaterkreatioun zu dësem Thema schafft, déi am Juni bei hinnen zu Miersch op der Bün virgestallt gëtt, hunn si d’Hëllef vu Jugendleche gesicht, fir dëst Thema realitéitsno ze behandelen. Op dës Manéier konnt eng kritesch a respektvoll Reflexioun iwwer d’Thema Männlechkeet stattfannen, an där sech d’Schüler*innen konnte matdeelen an austauschen an hire kreativen Ausdrock trainéiere konnten.
13 janvier 2026
3A: THEATERWORKSHOP "LOCKER ROOM TALK ZUM THEMA MÄNNLECHKEET"
Den Dënschden 13. Januar 2026 ass eng Ekipp vum Mierscher Theater zesumme mat Kënschtler*innen aus Berlin a Lëtzebuerg fir e Workshop bei d’Schüler*innen vun de
Galerie photos
6 photos · cliquez pour agrandir, téléchargement disponible.